top of page
Eis Partner
SIK-Holz
Bild2.png

SIK-Holz ass een dätsche Spillgeräte Hiersteller mat siège social a Produktioun an der Géigend vu  Berlin. D'Spiller vu SIK-Holz sinn aus Robinienholz gefäerdegt. Den Häerdegrad vum Robinienholz erméiglecht eng immens héich Laangliewegkeet vun de Spiller. Duerch déi naturgewusse Krommschaftegkeet vun dem Robinien, eegent sech dëse Bam gutt fir eng  naturno Spillplaz ze schafen.
D'Häert vum Robinienholz erméiglecht eis weiderhin, en ökologesche Produit ze schafen, ouni chemeschen Holzschutz, mat ökologeschen a Schadstofffréie Lasuren. Op Wonsch ass och eng Ausféierung  am  FSC- oder PEFC-zertifiéiertem Holz  méiglech.

​Fir weider Informatiounen:

OBRA Design

obra logo.jpg

OBRA Design ass en Spillgeräte Hiersteller aus Éisträich. Duerch hier villfälteg Gamme a verschidden Ausféierungsméiglechkeete bidden si vir all Besoin eng Léisung. OBRA produzéiert haaptsächlech am Kifer awer och Ausféierungen am onbehandeltem Melèze si méiglech.

​

​Fir weider Informatiounen:

  • Schwarz Instagram Icon

Follow us on Instagram

Tél.: 355533
  Mail: spillplaz@atelier-ligna.lu

©2022 Outdoor Projects by Atelier Ligna.

bottom of page